Jean Leick
Den Moment ginn
vun den Politiker an doduerch och vun den Medien eng Serie Aussoen an de Raum
gesat ginn déi net onbedéngt der Realitéit entspriechen. Dat ass
natierlech eng Affär vun Standpunkt.
Virun dem Referendum waren Elementer fir een Artikel virbereet ginn fir op
d'Aussoen vun deenen 3 Buergermeeschteren Stellung ze huelen betreffend den Interview am Wort vum 3. November ("Nägelkauen
im November"). Mir bréngen hei brutto Elementer vun der Virbereedung
vun deem Artikel deen awer net um Blog publizéiert ginn ass well deen Moment
gemengt ginn ass dat et net néideg wär. Mee et stellt sech awer eraus, no dem Referendum,
dat Aussoen vun deenen 3 Buergermeeschteren verschidden Relatiwéierungen néideg
maachen. An deem Sënn ass des "retrograd" Kommunikatioun net
onbedéngt "moutarde après dîner". Mir haten an engem publizéierten
Artikel um Blog "Les états d'âme après e referendum..." op méiglech
Schwieregkeeten no dem Referendum higewisen. Mir schéngen voll an deem Szenario
ze sinn.
Et geet hei net
drëm fir Messer an der Wonn erëm ze dréinen. Mee d'Aussoen vun deem Interview
kënnen net esou am Raum stoen gelooss ginn op Grond vun deem wat elo am Gang
ass ze geschéien.
Hei sinn brutto
Elementer vun deem Artikel.
„D'Äntwerten vun
deenen 3 Buergermeeschteren sinn subtil, mee et kann een déi Kontexter och
anescht gesinn. An dann kann Vertrauen an Politik schonns e gudde Koup méi
kleng ginn. Den Här Eicher mengt Politiker hätten den Bierger kloer Argumenter
geliwwert déi fir eng Fusioun schwätzen. Mee déi 10 Argumenter sinn éischter
des "lieux communs" ouni Fundament,
och wann een si se op den éischten Moment als rationell kënnen ugesinn ginn. De
Grupp de réflexion huet d'Argumenter
grëndlech ënnersicht op hirem blog www.onalif.blogspot.com
(Analyse des arguments de la politique pour une fusion, article publié en
septembre 2014 concernant le website de promotion de la commune de fusion Meesebuerg)
fir festzestellen dat net méi vill iwwreg bleift vun deenen Argumenter an dass
keng pertinent Plus-Valuen duerch eng
Fusioun geschafen ginn.
Den Här Wies
mengt Biergerforen wären konstruktiv
gewiescht. Dat kann een interpretéieren
wéi een wëllt. Sécher ass dat awer vill kritesch Aussoen gemaach goufen.Ech
huelen un dat den Här Wies Biergerversammlungen mengt. Do muss een awer soen
dat zou Noumer an Fëschbech den Politiker éischter e rauen Wand ëm d'Oueren
gefacht ginn ass. An déi 3 Buergermeeschteren konnten frou sinn dat den
Minister Kersch méi wéi enger fir si d'Kar aus dem Dreck gezunn huet, esou gutt
wéi hinn konnt.
Et ass richteg (wéi
den Här Eicher seet) dat 2009 eng Ëmfro war, déi awer éischter net onbedengt a
kloer zou Gonschten vun enger Fusioun ausgefall wor fir Noumer, Fëschbech an
Hiefenech. Hiefenech ass dono ofgesprong vun enger Fusioun. An Noumer war och
eng Zäit ofgesprongen. Gemengeresponsabel sinn dunn 2012 bei den Inneminister
geruff ginn an op eemol war Noumer erëm derbäi. All déi Joren duerno ass de
Bierger, entgéint deem wat den Här Eicher seet, net méi mat der Fusioun
konfrontéiert ginn bis déi ominéis Workshopen Ufank 2014. Wéi huet ee
prominenten Bierger gesot : Et gëtt en jo näischt gewuer.
Elo zu den
Workshopen. Déi positiv Interpretatioun vum Här Eicher zu dësen Evenementer kann
een huelen wéi een wëllt. Sécher ass dat awer vill kritesch Aussoen gemaach
goufen. Ass dat eng vun den Ursaachen dat déi versprachen Rapporten ni un
Bierger, déi matgemaach hunn, ausgedeelt goufen ? Oder waren d'Inhalter
eventuell net esou substantiell wéi Politiker sech dat erhofft haten. An deenen
Foren ass och gefrot ginn op Bierger virun well matschaffen. Dat ass
massiv mat "Jo" beäntwert ginn. Duerno ass de Bierger guer näischt méi gefrot ginn an dass zënter Mäz 2014
keng partizipativ Aktioun vun den Politiker ënnerholl ginn. Wann Politiker
mengen déi Workshopen wären esou super gewiescht, hunn se Tomaten op den Aen.
Éierlecherweis misst een op mannst gedeelter Meenung sinn. De Fransous géif
soen "prendre des vessies pour des lanternes".
Madam Brosius mengt dat Neiuerdnung vun
de Gemengeservicer eréischt no der Fusioun misst ugepaakt ginn. All Mënsch
weess dat Machbachkeet an den Mehrwert vun enger Fusioun, egal wat fir
enger Aart, muss am Detail am viraus ausgeloot
ginn. Wéi gesot, den Däiwel stécht am Detail. Déi aktuell Fusiounsgemengen
weisen och, wann een der Saach op de Fong geet, net onbedéngt positiv Resultater
aus wéi offiziell no baussen behaapt gëtt. Oft ass alles méi deier ginn an et
sinn meeschtens nach méi Leit an deenen Gemengen agestallt ginn. An et sinn och
oft Konflikter an den Gemengeservice opkomm déi virdrun net do waren. Wann de
Bierger keen Modell vun der Neier Gemeng huet, keeft hien Katz am Sack. Wann
elo Fusioun zustane kennt, an et mierkt en bis 2018 dat Saachen net esou
einfach sinn wéi gemengt, dann ass et ze spéit.
Den Här Wies
mengt, dat déi strukturell Ufuerderungen vum 21. Joerhonnert méi staark an
effizient Gemengeverwaltungen brauchen. Et ass sécher dat nei strukturell
Ufuerderungen kommen wäerten, virun allem wann Suen méi knapp ginn. Méi bréngen
mir fäerdeg méi effizient Gemengeverwaltungen op Been ze setzen wann mir elo
schonns net fäerdeg bréngen een iwwerzeegenden Gemengemodell, op mannst an méi grousse
Linnen wéi elo ugedeit, op Been ze setzen an dem Bierger matzedeelen. Wann
Gemengepäpp (Mammen) esou een Modell hätten, géifen si en doudsécher stolz dem
Bierger weisen. Et schéngt mir onverantwortlech dësen Aspekt net virun dem
Referendum am Fong behandelt ze hunn, dëst ëmsou méi dat net sécher ass dat déi
3 Buergermeeschteren no 2018 nach derbäi sinn.
Madam Brosius mengt dat een sektoriell
Pläng an Fusioun net soll vermëschen. Da soll si emol erklären firwat an der
Konventioun folgendes am Artikel 2 steet :
Article 2
(1) Les projets à réaliser prioritairement dans le
cadre de la fusion sont les projets suivants :
·
La réseau d’un réseau intercommunal de
distribution d’eau potable pour la sécurisation de l’alimentation en eau
potable ;
·
L’agrandissement des centre scolaires et des
structures d’accueil existants pour assurer la capacité requise pour le bon
fonctionnement des infrastructures scolaires dans chacune des anciennes
communes ;
·
La
création d’une zone d’activités économiques pour accueillir des activités
artisanales dans le but de créer des opportunités d’emploi et de
commerce :
·
L’amélioration des réseaux d’eaux usées y
compris la construction de nouvelles stations d’épuration pour se conformer à
la loi en vigueur.
………….. ».
Zone d'activité
ass expressis verbis ernimmt. Esouwäit zou enger net Vermëschung. Déi do
Aspekter sinn och a puer Artikel um blog onalif am Detail analyséiert ginn : ZAE
d’Angelsberg, incidences possibles ...../ Questionnement concernant les
activités économiques dans le cadre de la fusion / Développement des structures
économiques : quid en cas de fusion. Dee leschten Artikel ass schonns am Februar 2014 publizéiert ginn, laang e Plans
sectoriels
eraus komm sinn.
Wat déi aner
Projeten ugeet sinn mir schonns an der purer Perversioun :
Den „réseau intercommunal de distribution d'eau potable »
ass schonns länger Zäit an der Planung. Wëllt déi Konventioun heeschen dat, wann keng Fusioun kennt, dee Projet
ofgeblosen gëtt.
Schoulen zu
Noumer a Fëschbech sinn modern an an der Rei. Noumer huet ee Stack op e Gebai
gesat (de Bau ass bal fäerdeg) fir deenen neien Ufuerderungen vun der maison relais
gerecht ze ginn. Maison
Relais zu Fëschbech ass an der Planung. Doniewent haten Gemengenautoritéiten
och nach deen néidegen Terrain kaaft fir den Primär auszebauen wann et géif
néideg ginn(chapeau fir dës Mesure). Just Fiels muss massiv ausbauen (tëschent
15 a 20 Milliounen schéngen am Raum stoen). Wahrscheinlech sollen Subsiden vun
enger Fusioun hëllefen déi groussen Projeten ze finanzéieren. Mee erëm : ginn
déi Projeten net gemaach wann keng Fusioun kënnt.
Wat Kläranlag
ugeet, muss een soen dat Gemeng Fëschbech ee Projet vun enger neier Kläranlag
schonn zënter Joren am Geschir huet, dovun ofgesinn dat déi 3 Gemengen esouwisou
schonns elo an 2 Ofwaassersyndikater sinn. Och dorunner dierft eng Fusioun
näischt änneren. Och wann keng Fusioun kennt, mussen all Kläranlagen esou
moderniséiert ginn dat si den rechtlechen Normen entspriechen.
Den Här Wies
mengt dat den Filano ee gutt Beispill
vun Gemengenzesummenaarbecht ass. Do
huet hien och Recht. Mee an den Biergerversammlung huet hien sech breet gemaach
fir den Filano opzeléisen an an eng
Fusiounsgemeng ze integréieren well déi haiteg Gestioun ze vill komplizéiert
ass. Mee kann een sech awer net virstellen dat Fusiounsgemeng aus deen sëellegen aneren Syndikater géif austrieden
an déi Saachen selwer an Hand wëllt huelen. Dofir sinn Mëttelen net do.
Den Här Wies huet
Recht wann hien seet dat Ofsécherung vun der Waasserversuergung prioritär ass.
Mee Waasserversuergung vun den Gemengen Noumer a Fëschbech ass um leschten
Stand. Just den réseau intercommunal feelt nach an deen ass
souwisou an der Maach. Mir wëssen allerdéngs net wat den Stand vun der
Waasserversuergung vun der Fiels ass. Wat Pestiziden an Insektiziden betrëfft,
ass déi Gestioun vun den rechtlechen Normen ofhängeg, och wann eng Gemeng kann
nach méi maachen wéi dat wat legal virgesinn ass. Et weess een jo och dat
Normen oft net streng genuch sinn wat Gesondheet betrëfft. Sou sinn fir
Nitrater e Seuil vun 50 Unitéiten virgesinn well d'Norm vun 25 Unitéiten, déi
méi ubruecht ass, nitt ëmmer kann erreecht ginn an dann Problemer do wären déi
schwéier kënnten geléist ginn.
Insgesamt sinn Äntwerten
vun den Politiker an dëssem Interview pur Demagogie.
Si entspriechen net den Realitéiten. Et kann een schonns bal soen dat se dem
Ausdrock "mentir par omission" entspriechen. Wann een déi Argumenter méi kritesch kuckt,
bleift net vill fundamentales fir eng Fusioun iwwreg an Politiker hunn
praktesch näischt an der Hand fir eng Fusioun positiv duerzestellen. Et muss
een awer och soen, dat déi haiteg Situatioun vun deenen 3 Gemengen net fir eng
Fusioun sprécht well Politik vill geleescht huet an deenen leschten Joren an e
reellen Bedarf vir eng Fusioun de Moment net besteet. An deem Sënn wär een Nee
zu der Fusioun éischter een „Hommage“ un Politik an Politiker wären Opfer vun
hiren Leeschtungen.
Wann een méi
ausgefeilten Szenario vun enger Fusiounsgemeng géif bestoen deen iwwert dat
eraus geet wat elo souwisou besteet oder schonns an der Maach ass, kënnt een éischter
iwwert eng Fusioun nodenken. Mee dat ass
net de Fall. Dorun kann een awer och an der Zukunft schaffen mat enger
richteger Biergerbedeelegung (bottom-up an net top-down wéi bis elo) an dann, wann gutt Argumenter a keng
Loftschlässer sech erausschielen, Fro vun esou engem Referendum a puer Joer
erëm stellen
Mee dofir muss eng
richteg a permanent bottom-up Biergerbedeelegung an Wee
geleet ginn. An dann soll a puer Joer een Bilan gemaach ginn op eng Fusioun
opportun ass fir wichteg Saachen ofzedecken déi net anescht kennen gehändelt
ginn oder op aner Formen vun Kollaboratioun net méi opportun sinn.“
Wéi gesot, déi hei Elementer datéieren vun virum dem Referendum.
Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire