Nom “Nee” vun de Gemengen
Noumer a Fëschbech zur Fusioun mat der Fiels
Wou waren d’Buergermeeschteren
De Verdikt vun dem Referendum betreffend eng
Fusioun vun den Gemenge Fiels, Noumer an Fëschbech zu enger néier grousser
Gemeng Meesebuerg ass bekannt. Zou Noumer ware 70,05 %, zu Fëschbech esouguer
76,20% géint eng Fusioun. Nëmmen d’Fiels war mat 66,53% fir eng Fusioun.
Fir déi 3 Gemengeréit war den negativen
Ausgang vun dem Referendum keng Iwwerraschung, domadder hunn se schonns
gerechent. Net gerechent haten se iewer mat esou engem massiven Ofleene vun
hire Bierger. Datt d’Enttäuschung bei den dräi Gemengeréit no dëser Blamage
grouss war, ass no ze vollzéien, datt se sech iewer als esou schlecht Verléierer
presentéieren ass schued!
De Buergermeeschter aus der Fiels huet jo
schonns direkt no Bekannt gi vun den Resultater, an allen Interviewe vun engen
Affront géint seng Gemeng geschwat, an kloer ze verstoe ginn datt Noumer an
Fëschbech nëmme géint eng Fusioun gestëmmt hätte wëll kee mat senger Gemeng
wëllt zesumme goen. Schonn an den dräi Informatiounsversammlunge virun dem
Referendum huet sech den Här Wies ongefrot gläich sëlwer an den Eck vun dem
Fusiounspartner gestallt den senger Iwwerzeegung no kee wëllt, dëst wéinst dem
prozentual méi groussen Auslänner Undeel an der Gemeng Fiels géintiwwer den
zwou anere Gemengen.
Bon, datt den Här Wies iwwer dësen Niveau
net eraus kënnt, wonnert een no sengem méi wéi onprofessionellem Optrieden op
den 3 Informatiounsversammlungen net wierklech. Datt elo iewer verschidde Presseorganer dem
Här Wies seng Aussoen opgräifen an dann ouni iergend eng Analys an Recherche an
hiren Editoriallen den Bierger vun den Gemengen Noumer an Fëschbech onverblimmt
Friemefeindlechkeet an Rassismus virgeheien ass een staarkt Stéck!
D’ Auteure vun dësen Artikele gesinn als
alleng Ursaach vun dem Scheitere vun der Fusioun genau dës angeblech
Friemefeindlechkeet an Rassismus géint iwwer den auslännesche Bierger an der
Fiels.
Dës ass menge Wëssen no déi éischt Kéier datt
lëtzebuergesch Journalisten zwou Gemengen als en Pack vu Friemenhaasser an
Rassisten of stempelen. Dat ass einfach nëmme schummenswäert!
Muss ech mech elo bei ons am lëtzebuerger
Land schumme, wann ech soen, ech wunnen an der Fëschbecher Gemeng?
Villäicht kann een dëst nach am einfachsten
als bëllege Sensatiouns-Journalismus ofhaken, den een iewer net bei den
sois-disant seriéisen Zeitungen erwaart hätt, mä éischter bei den dorobber
spezialiséierte Blieder.
Wat dem Faass iewer den Buedem ausschléit
ass den Fait datt d’Buergermeeschtere vun den zwou viséierte Gemengen, den Här
Eicher an d’ Madamm Brosius-Kolber, op des Uschëllegunge géint hir Bierger net
reagéieren. Hir verdammt Flicht wär et direkt op ze sprangen, eng
Pressekonferenz an ze beruffen, sech virun hir Bierger stellen an kategoresch
zeréckzeweisen dat hir Bierger, oder op mannst iwwer 70% vun hinne
friemefeindlech an rassistesch sinn.
Net nëmmen dat se dëse Schrëtt net maachen,
se ënnerstëtzen och nach zum Deel dës These.
Ee Beispill dozou ass dëst: Den éischte
Schäffe vun der Gemeng Fëschbech, de Marco Karier post een vun den
ugeschwatenen Editoriallen, an dem senge Bierger Friemefeindlechkeet an
Rassismus virgeheit gëtt, op Facebook. Schlëmm genuch géif een mengen, mäi weit
gefeelt, et kënnt nach besser.
D’Buergermeeschtesch vu Fëschbech, Madame
Brosius-Kolber an hir zweet Schäffin, Madame Simone Majerus-Schmit hunn näischt
méi Gescheites ze di wei dëse Post ze „Liken“, an domadder ze confirméieren datt
och si der Meenung sinn enger Gemeng vir ze stoen déi aus friemefeindlechen an
rassistesche Bierger besteet.
Op dëse Schäfferot fir d’Gemeng Fëschbech
nach ze droen, oder och ze erdroen ass, mussen d’Wieler spéitstens bei den
nächste Gemengewahlen entscheeden.
Roger
Kruse vun Aangelsbierg
13.
November 2014
Fir all déi Leit déi un konkreten Infoe
ronderëm Fusioun Meesebuerg intresséiert sinn sief den Blog http://www.onalif.blogspot.com
recommandéiert.
Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire