mercredi 12 novembre 2014

Eng drëtt Reaktioun op dem Här Kieffer säin Leitartikel.

Dës "prise de position" ass als alleréischt un den Här Kieffer per email virugeleet ginn.

"Här Kieffer,

Jo, ech gehéieren och zu deene déi nee gesot hunn zu der Fusioun mat Noumer an der Fiels!
Ech auslännerfeindlech? Ma ech wor selwer 40 Joer laang een Auslänner!
Ech kéint mech elo 10 Säite laang mat iech doriwwer ënnerhale firwat ech nee gesot hunn, mee ech mengen net dat dat néideg ass.

Kuckt iech mol w.e.g. dëse Filmchen un, da wäert der bestëmmt direkt villes méi verstoen, an da frot der iech mol ganz éierlech op dat iech iwwerzeegt hätt wann dir am selwechte Fall gewiescht wärt? Dëse Filmchen ass nämlech ganz symptomatesch!

http://vimeo.com/105877247

Nee, ech si weder e Clown, Dëlpes oder Eefalt!
A vill méi Argumenter haten déi 3 Buergermeeschteren net ze bidden! (Wann der drop haalt, kann ech iech meng 10 Säiten zu dem Thema och noschécken).

An da gëtt et jo och scho Gemengen déi tatsächlech fusionéiert hunn - an do ass den Alldag net roseg, well sech do och net am Virfeld déi richteg Froe gestallt goufen! Mee doriwwer maacht der jo bestëmmt keen Leitartikel!

Vun den 3 Buergermeeschteren wor kee bereet sech z'engagéieren fir 2018 d'Responsabilitéit ze droen fir dat wat se do probéieren de Bierger ze verkafen! Interessant oder net? "Der Mohr hat seine Schuldigkeit getan, der Mohr kann gehen!"

An äre Leitartikel wäisst eemol méi wéi pauschal, iwwerflächlech a manipulativ d'Informatiounen am Lëtzebuerger Wort sinn!"

Monique Leick-Steinbach

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire