Et ass een fundamental net méi schlau aus där Informatiounsversammlung an
der Gemeng Fëschbech eraus gaang wéi een eragaange ass. Een, deen net a priori vun den Virdeeler iwwerzeegt wor an sech nach
net selwer definitiv positionéiert hat, krut mat grousser Wahrscheinlechkeet
keng kloer a konkret Argumenter fir eng Pro-Fusiounspositioun anzehuelen. Et
ass nach ëmmer näischt Konkretes ugebueden ginn wou een sech hätt kënnen
richteg upaken.
Eng Biergerversammlung kann dobäi déi komeschst Iwwerraschungen bréngen.
Fakt ass : Een Ex-Schäffen vun der Gemeng Fëschbech, deen net méi an der Gemeng
Fëschbech wunnt, huet gemengt déi «soi-disant Protestbeweegung» misst jo och
eng Biergerversammlung ofhalen an Gemeng Fëschbech géif hinnen dofir e Sall zur
Verfügung stellen. Nach ass et net un enger Persoun, déi net um Reflexiounsgrupp
deelgeholl huet, deenen Leit eng Demarche wëllen ze imposéieren, aus wellechen
Ursaachen och ëmmer. Demagogesch Manéier vun deem Här huet secher neischt zu
enger positiver Sträitkultur bäigedroen. Dobäi ass et jo awer ursprénglech ëm eng
Informatiounsversammlung gaang wou d’Bierger sollten haaptsächlech den
Politiker kënnen Froen stellen am Kader vun der Fusioun.
Da kommen ech zu der « sougenannten
Protestbeweegung». Déi Leit hunn sech selwer definéiert op hirem Blog als e «groupe de réflexion
concernant une fusion éventuelle des communes de Fischbach-Larochette-Nommern.
Am onglet «invitation
á la participation» ass folgendes gesot ginn : «Les lecteurs sont invités à
faire leurs commentaires, prendre position, proposer des ajoutes, rectifications
et autres apports (par exemple des approfondissements de certains aspects) à la
fin de chaque article dans la rubrique "commentaires". Par ailleurs, ils
peuvent aussi proposer des articles en leur propre nom pour traiter à leur manière,
soit des domaines déjà traités, soit des sujets qui n'ont pas été touchés jusqu'à
présent, mais qui leur semblent importants dans le présent débat (voir article
«approche méthodologique»). Nous insistons sur le fait que le présent site veut
traiter aussi bien les arguments positifs que négatifs d'une fusion et que la participation
de toutes les personnes intéressées est demandée».
Et wor an ass jidderengem also fräigestallt mat der Méiglechkeet vun den Commentairen
oder den Artikelen um Blog Stellung ze huelen, och zu engem Avis deen der
Fusioun net positiv entgéint steet, an dat zënter dem Februar 2014. Et ass och
den Politiker, déi favorabel zu der Fusioun stinn, offréiert ginn, hir Meenung
a Form vun Commentairen an Artikelen matzedeelen. Dat schéngt awer net opportun
gewiescht ze sinn.
Zu Noumer ass och e Site kreéiert ginn deen erlaabt Iddien ze posten, op
positiv oder negativ zu der Fusioun.
Den Reflexiounsgrupp hat keng 50.000Euro fir un d'Ëffentlechkeet ze goen an
huet missen op den Moyen vun engem Blog zeréckgräifen, wëssend dat e Blog
deenen entgeet déi d'Informatik net benotzen. Mee deen kann ëmmer nach eng gutt
Haut fannen, déi him hëlleft wann hien wëllt op de Blog goen.
De Reflexiounsgrupp huet och feststellen missen dat déi zwee Blogen net
jidderengem bekannt waren. Dofir huet hien Linken zu deenen zwee Siten an der
Gemeng Fëschbech op engem Mini-Flyer an all Breifkëscht ausgedeelt an huet
fairerweis och den Site «Meesebuerg» opgelëscht. Esou vill zur Fairness!
Zu der Bereetschaft vun den Politiker, deen Reflexiounsgrupp an enger
positiver Sträitkultur ze ënnerstëtzen, muss een nach 2 Fakten rappeléieren.
De Reflexiounsgrupp hat offiziell gefrot dat den Site vun der Gemeng
Fëschbech den Link zum Blog vum Reflexiounsgrupp ernimmt an hirer Rubrik
Fusioun. Schrëftlech Äntwert wor e kloren "Nee". Iwwregens ernimmt de
Site Messebuerg och net den Onalif.blogspot.com. Fir wat wor an ass dat net
méiglech an enger Demokratie ?
Wéi d'Iddi vum Reflexiounsgrupp säi Wee gemaach huet, haten déi
Interesséiert e Sall bei der Gemeng Fëschbech gefrot fir sech kennen ze
treffen. Fusioun ass jo schliisslech eng Gemengenaffär an engem Demokratieprozess.
Schlussendlech haten Politiker zu deem Zäitpunkt iwwerhaapt keng Offer fir eng
Biergerbedeelegung gemaach. Déi Leit hätten e Sall krit wann se fatzeg bezuelt
hätten. De Grupp huet sech dunn an Bistroen oder bei engem vun den
Interesséierten doheem getraff.
Politiker kruten méi wéi eng Kéier virgeworf dat hir Kommunikatiounspolitik null wor an ass. Et muss een awer soen dat de Blog a ganz décke Koup vun méiglechen Sensibilitéiten opgeworf huet. Et wor eng Pass no der aner un Politik fir Themen fréizäiteg (vun Februar 2014 un) opzegräifen an bottom-up opzeschaffen am Kader vun enger intensiver an éierlecher Biergerbedeelegung, allerdéngs net a Form vun deenen 4 Alibi-Workshopen. Mee entweder hunn Politiker Buedemhaftung verluer an hunn ugefang ze schwiewen (si wëssen wat richteg ass fir den Bierger) oder si hunn Sensibilitéit zum Bierger verluer an hunn net méi richteg nogelauschtert. Si hunn vergiess dat si fir den Bierger do sinn an net ëmgedréit de Bierger fir si do ass dat si kenne politesch spillen. Eng eventuell Fusioun gëtt anescht virbereet, virun allem an der Period virum Referendum.
Den Fazit : keng richteg Biergerbedeelegung, zeréckhalen vun Informatiounen
(zum Beispill komplett finanziell Situatioun am Kader vun den „plan pluriannuels
de financement dans le secteur communal)“, keng positiv Sträitkultur (léifste
Slogan vum Här Junker, wëssend wat deen Här doraus gemaach huet), mee ee Gefill
vun Manipulatioun vun vir bis hannen. Wann een dat alles zesummenhëlt, schéngt
déi gefuerdert "Protestinformatiounsversammlung" absoluten Quatsch ze
sinn, dat um sou méi wéi den Blog vill méi Informatiounen ubitt wéi den Site
Meesebuerg oder Rubrik"Fusioun" op dem Site vun der Gemeng Fëschbech.
Jean Leick
Jean Leick