Le présent blog a pour but de publier des documents de réflexion concernant une fusion éventuelle des communes de Fischbach - Larochette - Nommern en invitant les lecteurs à faire leurs commentaires (à la fin de chaque article). Le contenu du blog constitue une mosaïque devant permettre au lecteur de se faire à la fois une image globale et détaillée sur certains aspects d'une fusion. Le choix des articles se fait dans la rubrique "Archives".
Pages
- Remarques préliminaires : voir les onglets ci-joints et cliquer pour voir le contenu
- Invitation à la participation
- Liens utiles
- Mode d'emploi pour commentaires
- Le profil
- Modèle de grille d'évaluation personnelle
- Commentaires généraux
- Détail pratique pour la contribution d'articles
- Sommaire des articles du blog
mardi 21 octobre 2014
Ee Schéisser mecht een Kommentar zum Kommentar vum Eric Hamus op RTL
Op RTL ass een Kommentar vum Eric Hamus betreffend Gemengefusioun vun den Gemengen Fëschbech-Fiels-Noumern publizéiert ginn. Hei ass den direkte Link :
http://www.rtl.lu/meenung/commentaire//576579.html
Ee Schéisser huet doropshin säin Kommentar gemaach.
Luss Brosius (21/10/2014)
Ech sinn e Schéisser a kommen aus der Gemeng Fëschbech. Ech hunn zu Miersch an an der Gemeng Bettenduerf gewunnt, awer och zu Angelsbierg an zu Schous. Ech sinn zu Schous an Spillschoul gaangen a meng Kanner do an Crèche. Zu Angelsbierg sinn ech an Schoul gaangen an zu Fëschbech hunn ech d'Kommioun gemeet an sinn do bestuet ginn. An eise klengen Dierfer ewéi Kéideng, Schiltzbierg, Stuppech oder Weyer sinn ech och ëfters gewiescht, op ech zu Kéideng mam Trakter um Feld gefuer sin, um Stuppechtmonster oder zu Weyer am Reitstall e Patt gedronk oder um Bëschfest um Schiltzbierg Natur entdeckt hun. Ech liewen gären a menger Gemeng a si frou och nach all Eck ze kennen. Zemol een och nach vill Matbierger perséinlech kennt a mat hinnen an Gespréich kennt. Duerch meng Aktivitéit bei de Pompjeeën identifizéieren ech mech awer ëmmer méi mat der Gemeng Fëschbech, well do hu mer 1995 fusionéiert an heeschen säit deem "Pompjeeën Gemeng Fëschbech". D'Gemeinschaftsliewen op Gemengeplang gouf och nach vill duerch eist gemeinsamt Veräinshaus, wat mir virun 9 Joer ageweit hunn, verstäerkt. Hei trefft sech déi ganz Gemeng.
Op mer laanscht eng Fusioun kommen oder net, dat entscheed de Bierger de 9. November an der Kabinn. Wat natierlech schued ass, dass déi Fielser Gemeng do net richteg matschwätz, well obwuel si déi meeschten Awunner op dem klengsten Territoire huet, kennen nëmmen 1/3 vun den Awunner hir Stëmm ofginn, wou dergéint zu Noumer an zu Fëschbech iwwert d'Halschent hier Stëmm kënnen ofginn. Dat läit jo och leider dorun dass an de Gemengeresponsabelen hirer Campagne leider keng Sensibiliséierung zum Thema Fusioun bei eisen Auslänneschen Matbierger gemeet ginn ass.
Och schued ass dat déi Hiefenecher net gefrot ginn, just wëll do de Gemengerot fir déi nächst 6 Joer géint eng Fusioun gestëmmt hat. Eng aner Iwwerleeung ass natierlech och virwaat mer net mat Miersch fusionéieren. Do gëtt dann ëmmer gesot, déi géifen eis schlécken a mir hätten do keng Chance. Meng der dann, de Leit vu Schëndels géif et méi schlecht goen wéi de Leit vu Biereng oder Miersch? Bei de Mierscher wieren jo och schonns grouss Servicer ausgebaut, vun deene mir kinnte profitéieren. Ech ginn ob Miersch akafen, huelen do den Zuch a wor do och laang an engem Veräin aktiv. Vielleicht hätte mer jo zu 3 kennen mat Miersch fusionéieren, da bräichte mer eis och net méi géint déi grouss Nopeschgemeng ze "verteidegen", ewéi an der Informatiounsversammlung zu Noumer gesot gouf. Oder géint Nordstad, iwwerhaapt fusionéiert déi dann elo och? Op de Sliden bei de Presentatiounen ass déi ëmmer als ee grousse Noper vun eisen 3 klenge Gemengen duergestallt ginn.
Wat déi selechen Infrastrukturen, ewéi Maison Relais, Gemengenhaus, Veräinshaus,... ugeet, déi een an enger méi grousser Gemeng kinnt hunn, kennt eis Fusioun leider 20 Joer ze spéit. Deemools woren an deenen 3 Gemengen net vill esou Gebaier resp. Si woren veraalt. Mëttlerweil huet all Gemeng dës Infrastrukturen ugeschaaft oder renovéiert.
Ech wëll hei och op de Kommentar vun der Auslännerfeindlechkeet agoen. "Mir kenne jo alleguerten Fiels..." Ech fannen net, dass een elo de Leit soll un de Kapp werfen, se wären Auslännerfeindlech, wann se géint eng Fusioun stëmmen. Dat ass déifste Niveau! Ech perséinlech wor an der Fiels an der Protection Civile a sinn mat lëtzebuergeschen ewéi mat portugiseschen Kollegen op de Asaatz gefuer an dat wor ni e Problem. Mir hunn zesummen ganz ville Leit aus der Regioun gehollef. Ech sinn och op ville Fester an der Fiels gewiescht an ee vun de flottste Caféen an der Fiels, gehéiert engem Portugisesche Matbierger. Do kritt een esouguer och nach richteg gutt z'iessen. Ajo an iwwregens an der Fëschber Gemeng wunnen iwwert 1/3 Auslänner aus 31 verschidden Nationalitéiten!
Zum Thema Ausbau Maison Relais Noumer kann ech menges Wëssen no just soen dass dee Chantier schonns zanter e puer Méint leeft an dofir vill Leit grouss Aen gemaach hunn wéi dat als neie Projet verkaf ginn ass. An net déi Fielser kréien eng Aktivitéitszone op de Plateau, mee déi Angsber sollen eng Zone d'aktivité économie régionale type 1 niewent eng Zone d'habitation kréien. Mee fir ee Fielser oder Iernzener ass dat vielleicht jo just um Plateau, an dass domat den Trafic an der Mierscher Strooss an der Fiels kinnt zouhuelen, dorun denkt jo och keen an der Fiels?
Fir mech ginn et leider nach vill Fragezeichen wat eng Fusioun eisen 3 klenge Gemenge soll bréngen. Momentan sinn ech zefridden mat dem wat meng Gemeng mer kann bidden, ech wousst dat jo och wéi ech heihin wunne komm sinn a wann ech beim Glascontainer oder ob der Grünschnittanlag mat anere Matbierger an Gespréich kommen, weess ech dat och z'appreciéieren.
Ze hoffe bleift just dass duerch déi selechen Gespréicher, de Politiker kloer gëtt dass eng Fusioun muss wuessen an net iwwert de Knéi gebrach ka ginn. Haut wëll de Wieler informéiert ginn. Ee Site www.meesebuerg.lu hunn d'Gemengeresponsabel eis geliwwert. Interesséiert Bierger aus der Gemeng Fëschbech hunn de Site http://onalif.blogspot.com geschaaf an zu Noumer huet e Matbierger de Site http://fusion.ideascale.com kreéiert. Elo kann jiddereen sech seng Gedanken zum Thema selwer maachen.
Inscription à :
Publier les commentaires (Atom)
Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire