mercredi 22 octobre 2014

Déi sougenannten Protestbeweegung (Informatiounsversammlung an der Gemeng Fëschbech)




Et ass een fundamental net méi schlau aus där Informatiounsversammlung an der Gemeng Fëschbech eraus gaang wéi een eragaange ass. Een, deen net a priori vun den Virdeeler iwwerzeegt wor an sech nach net selwer definitiv positionéiert hat, krut mat grousser Wahrscheinlechkeet keng kloer a konkret Argumenter fir eng Pro-Fusiounspositioun anzehuelen. Et ass nach ëmmer näischt Konkretes ugebueden ginn wou een sech hätt kënnen richteg upaken.

Eng Biergerversammlung kann dobäi déi komeschst Iwwerraschungen bréngen. Fakt ass : Een Ex-Schäffen vun der Gemeng Fëschbech, deen net méi an der Gemeng Fëschbech wunnt, huet gemengt déi «soi-disant Protestbeweegung» misst jo och eng Biergerversammlung ofhalen an Gemeng Fëschbech géif hinnen dofir e Sall zur Verfügung stellen. Nach ass et net un enger Persoun, déi net um Reflexiounsgrupp deelgeholl huet, deenen Leit eng Demarche wëllen ze imposéieren, aus wellechen Ursaachen och ëmmer. Demagogesch Manéier vun deem Här huet secher neischt zu enger positiver Sträitkultur bäigedroen. Dobäi ass et jo awer  ursprénglech ëm eng Informatiounsversammlung gaang wou d’Bierger sollten haaptsächlech den Politiker kënnen Froen stellen am Kader vun der Fusioun.

Da kommen ech zu der « sougenannten Protestbeweegung». Déi Leit hunn sech selwer definéiert op hirem Blog als e «groupe de réflexion concernant une fusion éventuelle des communes de Fischbach-Larochette-Nommern.

Am onglet «invitation á la participation» ass folgendes gesot ginn : «Les lecteurs sont invités à faire leurs commentaires, prendre position, proposer des ajoutes, rectifications et autres apports (par exemple des approfondissements de certains aspects) à la fin de chaque article dans la rubrique "commentaires". Par ailleurs, ils peuvent aussi proposer des articles en leur propre nom pour traiter à leur manière, soit des domaines déjà traités, soit des sujets qui n'ont pas été touchés jusqu'à présent, mais qui leur semblent importants dans le présent débat (voir article «approche méthodologique»). Nous insistons sur le fait que le présent site veut traiter aussi bien les arguments positifs que négatifs d'une fusion et que la participation de toutes les personnes intéressées est demandée».

Et wor an ass jidderengem also fräigestallt mat der Méiglechkeet vun den Commentairen oder den Artikelen um Blog Stellung ze huelen, och zu engem Avis deen der Fusioun net positiv entgéint steet, an dat zënter dem Februar 2014. Et ass och den Politiker, déi favorabel zu der Fusioun stinn, offréiert ginn, hir Meenung a Form vun Commentairen an Artikelen matzedeelen. Dat schéngt awer net opportun gewiescht ze sinn.

Zu Noumer ass och e Site kreéiert ginn deen erlaabt Iddien ze posten, op positiv oder negativ zu der Fusioun.

Den Reflexiounsgrupp hat keng 50.000Euro fir un d'Ëffentlechkeet ze goen an huet missen op den Moyen vun engem Blog zeréckgräifen, wëssend dat e Blog deenen entgeet déi d'Informatik net benotzen. Mee deen kann ëmmer nach eng gutt Haut fannen, déi him hëlleft wann hien wëllt op de Blog goen.

De Reflexiounsgrupp huet och feststellen missen dat déi zwee Blogen net jidderengem bekannt waren. Dofir huet hien Linken zu deenen zwee Siten an der Gemeng Fëschbech op engem Mini-Flyer an all Breifkëscht ausgedeelt an huet fairerweis och den Site «Meesebuerg» opgelëscht. Esou vill zur Fairness!

Zu der Bereetschaft vun den Politiker, deen Reflexiounsgrupp an enger positiver Sträitkultur ze ënnerstëtzen, muss een nach 2 Fakten rappeléieren.

De Reflexiounsgrupp hat offiziell gefrot dat den Site vun der Gemeng Fëschbech den Link zum Blog vum Reflexiounsgrupp ernimmt an hirer Rubrik Fusioun. Schrëftlech Äntwert wor e kloren "Nee". Iwwregens ernimmt de Site Messebuerg och net den Onalif.blogspot.com. Fir wat wor an ass dat net méiglech an enger Demokratie ?

Wéi d'Iddi vum Reflexiounsgrupp säi Wee gemaach huet, haten déi Interesséiert e Sall bei der Gemeng Fëschbech gefrot fir sech kennen ze treffen. Fusioun ass jo schliisslech eng Gemengenaffär an engem Demokratieprozess. Schlussendlech haten Politiker zu deem Zäitpunkt iwwerhaapt keng Offer fir eng Biergerbedeelegung gemaach. Déi Leit hätten e Sall krit wann se fatzeg bezuelt hätten. De Grupp huet sech dunn an Bistroen oder bei engem vun den Interesséierten doheem getraff.

Politiker kruten méi wéi eng Kéier virgeworf dat hir Kommunikatiounspolitik null wor an ass. Et muss een awer soen dat de Blog a ganz décke Koup vun méiglechen Sensibilitéiten opgeworf huet. Et wor eng Pass no der aner un Politik fir Themen fréizäiteg (vun Februar 2014 un) opzegräifen an bottom-up opzeschaffen am Kader vun enger intensiver an éierlecher Biergerbedeelegung, allerdéngs net a Form vun deenen 4 Alibi-Workshopen. Mee entweder hunn Politiker Buedemhaftung verluer an hunn ugefang ze schwiewen (si wëssen wat richteg ass fir den Bierger) oder si hunn Sensibilitéit zum Bierger  verluer an hunn net méi richteg nogelauschtert. Si hunn vergiess dat si fir den Bierger do sinn an net ëmgedréit de Bierger fir si do ass dat si kenne politesch spillen. Eng eventuell Fusioun gëtt anescht virbereet, virun allem an der Period virum Referendum.

Den Fazit : keng richteg Biergerbedeelegung, zeréckhalen vun Informatiounen (zum Beispill komplett finanziell Situatioun am Kader vun den „plan pluriannuels de financement dans le secteur communal)“, keng positiv Sträitkultur (léifste Slogan vum Här Junker, wëssend wat deen Här doraus gemaach huet), mee ee Gefill vun Manipulatioun vun vir bis hannen. Wann een dat alles zesummenhëlt, schéngt déi gefuerdert "Protestinformatiounsversammlung" absoluten Quatsch ze sinn, dat um sou méi wéi den Blog vill méi Informatiounen ubitt wéi den Site Meesebuerg oder Rubrik"Fusioun" op dem Site vun der Gemeng Fëschbech.

Jean Leick

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire