Commentaires généraux

La présente page/onglet a pour but de permettre aux lecteurs de faire des commentaires généraux non rattachés à un sujet spécifique ou à des aspects qui ne sont pas encore couverts par des articles thématiques spécifiques : donc aussi, par la même occasion, avis aux amateurs pour rédiger des articles concernant des sujets non-couverts.

3 commentaires:

  1. 2006 hunn déi politesch Responsable gemengt eng Fusioun wär de richtege Wee. Den Sondage 2009 huet een gemëschte Resultat bruecht. Dunn ass Noumer ofgesprongen nodeem Hiefenech schonns virdrun ofgespronge war. 2012 huet den Minister Halsdorf (CSV) Gemengepolitiker iwwerzeegt vir mat der Fusioun virunzefueren. Denn Hannergedanken vum Halsdorf fir CSV ze stäerken mat engem Proporzsystem ass net vun der Hand ze weisen. Et blouwen Fiels, Noumer an Fëschbech iwwreg. All Diskussiounen sinn am "secret des dieux" op Käschten vum Bierger verlaf. Workshopen ufangs 2014 waren keng Workshopen, mee eng Alibi Operatioun fir eng soi-disant Biergerbedeelegung. Op deenen 3 Informatiounsversammlungen ass net vill Konkretes erauskomm. Déi Projeten (Konventioun liesen) vir Subsiden vun enger eventueller Fusioun opzeschaffen waren Projeten déi schonns laang ugeduecht woren an schonns en cours de réalisatiounsinn ënnert der enger oder anerer Form . Gëschter ass ëmmer erëm gesot ginn, dat eréischt ugefang gëtt Saachen ze analyséieren wann Fusioun gestemmt ass. Wat heescht dat ? Politiker verkafen eng Katz am Sack wou se mol net genau wëssen wat fir eng Katz ze dragestach hunn. Si maachen déclarations d'intentions ouni eng Garantie de résultats. Kee vun deenen 3 Buergermeeschteren huet sech formell engagéiert fir 2018 nach matzegoen. Dat heescht si wëllen een Zuch op Schinnen setzen a sprangen dann wahrscheinlech vun der Lokomotiv erof. Während der éischter période transitoire ass et méiglech (an wahrscheinlech och néideg) dat de Buergermeeschter vun enger Fusiounsgemeng säi congé politique vun 40 Stonnen komplett opbraucht, egal wat de Minister Kersch zu deem Thema gesot huet. Dën Här Eicher, Buergermeeschter vun Noumer, huet 2 Deeg virdrun gemengt, dat deen neien Buergermeeschter vun enger Fusiounsgemeng éischter 60-70 Stonnen muss schaffen. Avis aux amateurs déi hir berufflech Karriär fir deen Knachejob wëllen op mannst 5 Joer opginn an dono vläicht an hirem Berufskontext soen mussen "Kuckkuck, hei sinn ech erëm" wann hien vläicht net méi erëm gewielt gëtt. Dat hei ass eng aner Vue vun der Situatioun wéi déi Versioun "Friede, Freude, Eierkuchen" vun enger top-down ugeleierter Fusioun.

    RépondreSupprimer
    Réponses
    1. Waat ganz kloer ass, d'Informatiounspolitik zum Thema Fusioun as komplett schiefgaangen an daat Geld waat fir d'Campagne genotzt gouf wor fir d'Kaatz, ausser mir kennen de Film un en Touristebureau weidergin fir eis Régioun ze promouvéieren.
      Dass keen vun eise Politiker wees wei et an 3 Joer weidergeet, kann een hinnen net direkt virhaalen. Vill Leit wëssen, nach net wou se an 3 Joer stin!
      Waat awer wierklech e Problem kinnt gin, as déi Saach mam Buergermeeschterposten! Ausser mir fannen e Politiker deen no un der Pensioun steet, resp. se schons huet.

      Supprimer
    2. Et ass richteg dat een net genau wëssen kann wat an 3 Joer ass. Mee et kann een awer kloer soen wat een géif maachen wann näischt dertëschent kennt. A Politiker, deen a Riesenprojekt uleiert deen an 3 Joer eréischt richteg an Rullen kennt misst awer och fairerweis aussoen dat hien sech un deem Projet wärt bedeelegen wann näischt Gravéierendes geschitt wat him déi Bedeelegung onméiglech mécht (schwéier Krankheet , grouss Familienproblemer, professionell Schwieregkeeten, etc.). Et schéngt awer fair ze sinn dat de Bierger den Politiker kann froen dat hien eng éierlech „déclaration d’intention“ mécht fir mat deem virun ze fueren wat hien elo op Been gesat huet, esou weit wéi et him méiglech ass. Et kann een seng Bierger net am Reen stoen loossen.

      Allerdéngs verstinn ech dat een, mat iwwer 70 Joer am Joer 2018, géif soen dat een fir esou en Knachenjob, deen sech iwwer Joren zitt, ze al ass.

      Wat den „full-time“ Buergermeeschter betrëfft (ee congé politique vun 40 Stonnen an der Woch), egal wéi den Minister Kersch dat wollt mitigéieren, muss een Folgendes soen. Een haitegen Pensionéierten oder een deen 2018 just Pensioun kritt, hätt sécher méi Zäit wéi een deen nach voll em Beruff steet. Ze mengen e Pensionéierten kennt esou een politeschen Job maachen ass sécher eng pragmatesch Léisung am Kader vun den Stonnen fir e full-time Buergermeeschter. Anerersäits sinn Chancen, dat een éischter kann ewechfueren iwwer 60 méi grouss wéi wann een 10 Joer manner huet. Een Buergermeeschter ze ersetzen ass net onbedéngt eng kleng Affär. Ee Pensionéierten ass sécher och net méi grad esou frësch wei esou een Job et verlaangt a kann kaum méi frësch ginn an den Joren duerno. Esou een Job ass keen „bain de jouvence“.

      Dat wëllt awer net heeschen dat e Pensionéierten net kann an enger anerer Form matschaffen (Kommissiounen. Aarbechtsgruppen an esou weider). Mee op déi Manéier wäert et méi einfach sinn hien ze ersetzen wann hin net méi kennt hëllefen, dovun ofgesinn dat eng „Fusiounsgemeng“ éischter a „projet de vie“ fir déi Jong ass wëll et geet haaptsächlech ëm hir Zukunft déi am Prinzip méi grouss misst sinn wéi déi vun engem Alen. Zukunft gëtt fir een Alen ëmmer méi kleng an huet am Prinzip manner Wichtegkeet wéi fir ee Jonken deen praktesch nach ganz Liewen virun sech huet.

      Supprimer