Le présent blog a pour but de publier des documents de réflexion concernant une fusion éventuelle des communes de Fischbach - Larochette - Nommern en invitant les lecteurs à faire leurs commentaires (à la fin de chaque article). Le contenu du blog constitue une mosaïque devant permettre au lecteur de se faire à la fois une image globale et détaillée sur certains aspects d'une fusion. Le choix des articles se fait dans la rubrique "Archives".
Pages
- Remarques préliminaires : voir les onglets ci-joints et cliquer pour voir le contenu
- Invitation à la participation
- Liens utiles
- Mode d'emploi pour commentaires
- Le profil
- Modèle de grille d'évaluation personnelle
- Commentaires généraux
- Détail pratique pour la contribution d'articles
- Sommaire des articles du blog
mercredi 12 novembre 2014
Eng Reaktioun op dem Här Kieffer säin Leitartikel am Wort vum 12/11/2014
Mat der Erlaabnis vum Här Bertemes setzen mir seng Äntwert un den Här Kieffer op eisen Blog. Fir d'Aarbechtsgrupp vu Fëschbech waren Auslänner ni een Thema. Iwwregens, an den Biergerversammlungen zou Noumer an och Schous huet ee Member vun eisem Aarbechtsgrupp sech staark gemaach fir dat Politik e bessere Marketing fir Auslänner am Kader vun dem Referendum an der Fusioun maachen soll. Déi Persoun huet nämlech missten feststellen dat Referendumsaffär zimlech laanscht eis auslännesch Matbierger gelaf ass. Een Marketing muss och den Partikularitéiten vun den Zilgruppen Rechnung droen an deem entspriechent konzipéiert ginn
Hei d'Entwäert vum Här Bertemes :
Bonjour Här Kieffer,
Ech bedaueren, Iech als Bierger vu Kruuchten an domat och vun däer (glécklecherweis och weiderhinn Nach -) Gemeng Noumer mussen matzedeelen, datt Dir mat Aerem "Leed-Artikel" (mengt Editorial) vun haut net vun der Geleeënheet profitéiert huet, Iech zréckzehalen
Wann Dir elo domat mengt, eng besonnesch journalistësch Glanzleeschtung vollbruecht ze hunn, da muss ech Iech leider enttäuschen. Dir huet do op eng Form vun Anti-Populismus gesat, déi an Aerem Text total derniewt gaang ass. Et gi vläicht Leit, déi tatsächlech hirer wéineg favorabler Astellung eisen auslännesche MatbiergerInnen vis-à-vis mat hirem negative Vote um Referendumsziedel Ausdrock ginn hunn-domat muss ee rechnen. Och wann de Buergermeeschter vun der Fiels vun engem "Affront" geschwat huet (et kann ee sech just froën, ween datt dann elo do ween beleidegt huet) sou gesinn ech dat, mat ville Matbierger vun eiser Gemeng awer aus ganz aneren Uersaachen, wéi eis do vun Iech an aneren onfairerweis ënnerstallt gëtt, ganz anescht. Déi "Fusionitis" (cf. mäin entspriechende Beitrag am tageblatt-Forum) déi besonnesch an eisem FILANO-Fall negativ viséiert war, ass aus anere Grënn op massive Widerstand an zwou vun deenen dräi concernéierte Gemenge gestouss, däitlech illustréiert mat engem Referendumsresultat, dat ech mir eigentlech an a senger Däitlechkeet sou och net erwaart hat. Gutt esou, iwwregens! Et ass ganz einfach sou, datt déi meeschte Leit de Sënn vun deem ganzen ganz einfach net agesinn hunn an déi verantwortlech Buergermeeschter (-In) nullement konnten mat Pro-Argumenter iwwerzeegen. Si sollten dorauser léieren, by the way...
A mengem Duerf huet dobäi och nach kaum iergendeen iergendeppes mat der Fiels um Hutt, fir et mol salopp auszedrécken - firwat sollte mir dann do fir eng Fusioun mat eeben däer Gemeng Fiels sinn ? A fir eis dann an deem Kontext eng global negativ Mentalitéit an eng gewësse Richtung virzewerfen grenzt schonn u Frechheet! Dat do misst och schonn dee gréisste Wort-Fan an eise Gemengen géint Iech an Aert Gekritzels opbréngen
Och Aert Geschläims an eng geziilt Richtung mat völleg déplacéierte Remarquen (dat ass wuel bescht chrëschtlech Wort-"Kultur") ass also une fois de plus total derniewt an de Kampf mam tageblatt huet Dir alt erëm eng Kéier verluer-de Roger Infalt huet völleg richteg vun engem "Scherbenhaufen" ( et pour cause, vu le résultat du vote) geschriwwen.
An de Referendum vun 2015 dierft hoffentlech a besonnësch betreffend d'Fro zum Artikel 106 vun eiser Constitutioun fir Iech an Aer pechschwaarz Bluttgrupp zum absoluten Debakel ginn - sou wéi Aer Klerikal Opportunisten et och net anescht verdéngt hunn.
A maacht Iech zum Auslännerwahlrecht manner Suergen...
Bescht Gréiss un Iech, Här Kieffer!
Frank Bertemes
Inscription à :
Publier les commentaires (Atom)
Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire