Den Här Kieffer
schéngt an engem Beiennascht gesteppelt ze hunn.
Dës "prise de position" ass als alleréischt un den Här Kieffer per email virugeleet ginn.
Dës "prise de position" ass als alleréischt un den Här Kieffer per email virugeleet ginn.
"Här Kieffer,
ech sinn och ee
vun deene Bierger aus der Gemeng Noumer déi géint d'Gemeng Meesebuerg
gestëmmt hunn.
Mee ech muss Iech soen, dass dat
awer och glat a guer näischt mat de portugisesche Matbierger aus der
Fiels ze dinn hat.
Et war och net spezifesch wéinst
der Schoulorganisatioun, meng Kanner ginn nämlech net méi an
d'Primärschoul, et war net wéinst der Drénkwaasserversuergung, déi zu
Noumer absolut an der Rei ass an net wéinst de Finanzen.
Et war vill méi als
Konsequenz vun enger ganz schlechter Informatiounspolitik säitens de
Schäfferéit, wéinst der Tatsaach dass d'Bierger aus deenen 3
Gemengen ni an iergendenger Manéier iergendeppes zesummen gemaacht
hätten an dowéinst dass di divers Workshopen en vue vun der
Fusioun vill ze spéit koumen fir
en Zesummegehéiregkeetsgefill opkommen ze loossen.
Ech wollt a wëll net mat der
Fiels fusionéieren, well ech mat der Fiels absolut näischt um
Hutt hunn. Ech wunnen zu Cruchten, wat
ee Bauerenduerf ass, genee wéi Noumer a Schrondweiler. An ech fannen
dass dat eben net bei d'Fiels passt, well d'Fiels eendeiteg een anere
Profil huet. Dir kënnt lo soen, ech wier klengkaréiert a
bornéiert, dat mach sinn, mee ech hunn näischt géint Auslänner am
Allgemengen a géint Portugisen am Speziellen. Et liewen och Portugisen an
eiser Gemeng, an ech kann Iech soen dass se ganz gutt mat de
Lëtzebuerger Leit aus eiser Gemeng eenz ginn an dass ech der selwer kennen
déi och keng Fusioun wollten. Ech hunn och géint eng Fusioun gestëmmt, well et,
menger Meenung no, lo nach absolut net noutwendeg ass. Wéi gesot, dat kann an
Ären Aen falsch sinn, mee et ass mäi gutt Recht sou ze denken.
Mee wien huet Iech eigentlech
gesot, datt "eendeiteg" mat aneren
"Argumenten und Reflexen beim Bürger gezündelt wurde"?
Vläicht de Buergermeeschter aus der Fiels, dee säi Frust iwwert deen
angeblichen "Affront" wollt lass ginn? Wien huet da
mat deenen auslännerfeindlechen Argumenter "gezündelt"?
Ech hu kee begéint! Ech kann Iech soen dass d'Leit ganz vill
diskutéiert hunn, mee a menger Géigewaart waren di vill
Auslänner eigentlech keen Thema. Et war vill méi well d'Leit keng
anstänneg Äntwerten op hir Froe kruten, datt se et virgezunn hu géint
d'Fusioun ze stëmmen. Et ass mer absolut kloer dass et Leit zu
Noumer a Fëschbech gouf déi aus dem vun Iech genannte Grond net
wollte fusionéieren, mee fir di 76 %, resp. 70 % déi dergéint ware
pauschal als Portugisen- oder Auslännerhaasser dohin ze stellen,
ass dach awer ee ganzt staarkt Stéck. Et kann een och eppes erbäi
schwätzen - oder schreiwen - , sou wéi Dir et an Ärem Artikel maacht, an
de Leit hiren Neen als Auslännerfeindlechkeet duerstellen. Mee da kann een
Iech och ënnerstellen Dir wiert sensatiounshongereg a géift
probéieren Zwietracht ze séinen. Well är Ënnerstellunge sinn
nämlech net beluecht, et ass waarm Loft, oder hu Dir
een heemleche Sondage gemaach wou Leit sech bei Iech
"ge-out" hunn? Ech fannen et wierklech allerhand wat der do schreift!
Mee et liest sech gutt wann een an der Zeitung sou eppes an ee Walresultat eran interpretéiert, "déi
béis, béis Noumer a Fëschbecher Leit, déi eppes géint d'Fiels hunn
well do méi Auslänner wéi Lëtzebuerger wunnen". Da kënne mer lo mol mam
Fanger op dee rassistesche Pak weisen.
Zu Ärer Informatioun hei
nach aner méiglech Interpretatioune vum Resultat: Wann een als
Politiker mengt, just well ee vill Stëmme krut bei de
Gemengewale, géifen d'Leit maachen wéi een et selwer fir richteg fënnt, ass dat
eng Feelaschätzung. A wann een an der Press deenen déi
géint eng Fusioun sinn ënnerstellt, se hätte kee gesonde Mënscheverstand, da
muss een sech net wonneren wann een d'Quittung kritt. A wann ee probéiert
d'Leit mat engem romantesch-kitschige Film fir sou ee wichtege Projet
wéi eng Fusioun ze gewannen, anstatt mat zolitten Argumenter, ass ee
selwer blauäugig, well déi Leit sech dann zolitt ver****t fillen. A wann
een de Leit seet "et bleift alles beim Aalen", da muss een sech
och net wonneren wann se dat Aalt wielen. A wann um Niveau vun
den Awunner vun deenen 3 Gemengen ni eng
Zesummenaarbecht, wat fir enger Natur och ëmmer, do war, muss een
sech net wierklech wonneren wann d'Leit Angscht hunn, wann aus enger
klenger Landgemeng an Zäit vu puer Joer déi 5-gréisst a
Lëtzebuerg gëtt. A wann déi Politiker déi d'Fusioun ustriewen, net bereet si
kloer ze soen dass se och nach am Boot sinn wann d'Detailer vun där Fusioun
ausgeschafft ginn, kann et sinn dass d'Leit Angscht hunn virun deem wat op se
duerkënnt. A wann ee schlussendlech mengt d'Leit hätte mat simplisteschen
Argumenter Angscht gemaach kritt, dann muss ech soen dann hätt ee mat
besseren Argumenter misste konteren.
Voilà, dat wollt ech Iech soen.
Dir wäert et lo wahrscheinlech sou interpretéieren dass et ass
wéi
d'Sprachwuert seet "c'est la vérité qui blesse",
ech weess dass et net sou ass, mee ech hunn Ären Artikel einfach
ënnert aller Klarinett an een Affront fonnt, vis-à-vis vun
de Leit vun Noumer a Fëschbech.
Mat beschte Gréiss
Rose Mühlen
Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire