Den Neen zur Fusioun schéngt allerhand lass getrëppelt ze hunn. Mee Ausléiser koumen haaptsächlech vun baussen aus verschiddenen Dageszeitungen. Mir wëssen allerdéngs dat verschidden (net all) vun deenen concernéierten Journalisten sech net weider dokumentéiert hunn a mir wëssen och dat eng Serie Artikelen, virun an no der Fusioun, maassgeeblech vun verschiddenen Politiker gesteiert ginn sinn. Et hat een d‘Gefill dat déi concernéiert Politiker bewosst verschidden Journalisten mat ongepréiften an och falschen Argumenter geponsert hunn fir vun sech selwer ofzelenken an net missen vläicht bei sech selwer och Fehler ze sichen.
Op alle Fall, munnechem Politiker huet et an senger Defaite éischter u Grandeur (d'âme) gefeelt.
Martin Luther King : « La véritable grandeur d'un homme
ne se mesure pas à des moments où il est à son aise, mais lorsqu'il traverse
une période de controverses et de défis. »
Wang Young
Ming : « La grandeur d'un homme réside dans sa capacité à corriger ses
erreurs et à se renouveler continuellement. »
Dee Manktum un "Grandeur" kennt besonnesch eraus wann ee geséit wéi verschidde Politiker verschidden Artikelen gepost hunn (an den sozialen Netzer) wou hir eegen Gemeng an den Dreck gezunn ginn ass. Wann se mengen domat hiert Image oppzepoléiren ass dat awer kloer e Feelgrëff. Domat gëtt Liewen an der Gemeng net méi einfach. Et get elo Zäit fir een neien Ufank wou tabula rasa muss gemaach ginn, vun jidderengem. Mee Konditiounen vun esou enger tabula rasa mussen awer stëmmen fir dat et funktionéiert. Ech hunn am mengen Beitrag (Les états d'âme après la fusion, septembre 2014) schonns dorop higewisen.
Et ginn e ganze Koup Ursaachen opgeféiert fir den Nee zou der Fusioun. Verschidden vun deenen Ursaachen sinn eng Interpretatioun vun den Politiker, wou Bierger et awer ganz anescht gemengt a gesinn hunn. Politiker hunn den Bierger Onverständnis, faktiz Intentiounen a falsch Argumenter zougeschriwwen déi net der Realitéit entspriechen. Et ass Schued dat an den Biergerinformatiounsversammlung Diskussiounen net opgeholl a publik gemaach sinn ginn. Esou kënnt een munneches nodréiglech novollzéien. Oder ass dat awer gemaach ginn an den Bierger weess näischt dervun ?
Am Platz dem Bierger virzewerfen hien hätt näischt verstan, hien hätt net nogelauschtert an och den Politiker näischt gegleeft, kënnten déi 3 Buergermeeschteren sech emol Fro stellen wat si falsch gemaach hunn an vläicht probéieren emol Ursaachen bei sech ze sichen. Mee wann e kuckt wat den Moment geschitt, schéngt deen Exercice net ugesot ze sinn.
De Fusiounsprozess wor laienhaft geféiert (war dat 50.000 a vläicht nach méi wärt oder hunn eis Politiker hiren Coachen vläicht net richteg nogelauschtert ?) an den Bierger huet dat och gemierkt. Hien huet virun allem gemierkt dat hien eigentlech zum Kopfnicker degradéiert soll ginn mat iwwerflächlechen, net konsisten Argumenter an huet den Politiker d‘Rechnung servéiert. Wann Politiker elo net iwwert hiren Schied sprangen, dann kann e sech mat Recht Fro stellen op si nach Kompetenzen hunn fir eng Gemeng ze geréieren an op deen onglécklech geféierten Fusiounsprozess net just een Derapage wor.
Lëtzebuerger Land schreift des Woch an hirer Ausgab iwwert Madame Laura
Zuccoli vun der Asti : "Sie hat selber eine der Bürgerversammlungen in
Fischbach besucht, die über die Konsequenzen einer Fusion aufklären sollte.
"Die Informationen waren einseitig positiv, Bedenken wurden
weggewischt"". An dat ass een vun den Knackpunkten. Mir kommen awer nach spéider op
Mme Zuccoli zeréck an engem aneren Kontext.
Huele mir zum Beispill Zentralschoul déi d‘Politik net wollt aféieren. Et hat och keen se gefrot. Bierger haten dat ganz gutt verstan a waren och absolut domat averstan, mee hiert Uleies war een aneren Punkt, egal wat soss behaapt gëtt. Fro vun den Bierger war : Och wann keng Zentralschoul soll gebaut ginn, op mannst während deenen nächsten Joren, ass dann och garantéiert dat trotzdem keen Wandertourismus vun den Kanner geschitt wann Konditiounen vun der Schoulorganisatioun méi komplizéiert ginn duerch Gréisst vun den Schoulklassen (méi oder manner grouss oder kleng). Dorop hunn Politiker net geäntwert obschonn Fro kloer war. War dat een Dialog de sourds oder stéicht eppes anescht hannen drun. Dat Thema ass elo vum Dësch, mee dat verhënnert awer net dat vläicht an der Zukunft un enger nach méi optimiséiert Schoulorganisation geschafft kann ginn an Zesummenaarbecht mat all den concernéiert Partner/ Parteien (an dësem Fall missten Parteien Partner sinn wëll et geet jo em d'Kanner déi net an dëser Saach gefrot ginn). Et muss kënnen oppen iwwer Saachen geschwat ginn, an zwar am Virfeld mam Bierger. Da kommen sou Mësselen net vir.
En aneren Dialog de sourds op méi wéi engem Punkt wor um Niveau vun der ZAE. Och wann d‘Politik gesot huet si géif sech asetzen dat ZAE net op der Platz hikënnt wou plans sectoriels se virgezunn huet, hunn si keng Géigenpropositioun virgeschloen déi se mam Staat géifen diskutéieren. An den zukünftegen ugeféierten Asaz alleng geet net duer wëll Thema vun der ZAE bleift well eng ZAE à la base net fusiounsgebonnen ass. Et misst eigentlech als alleréischt iwwert economesch Ausriichtung vun der Gemeng bottom-up diskutéiert ginn a kucken wat fir eng Mëttelen Gemeng sech kann ginn fir dëss Zieler ze erreechen. Eng ZAE an enger anerer Form déi Liewensqualitéit vun den Bierger net beainträchtegt kann och dozou bäidroen, wann am viraus mat de Bierger am Konsens eng Léisung ausgeschafft gi wär. Déi virgesinnen awer ofgeleenten Platz stoung schonns am Februar 2014 am Raum (Artikel "Développement des structures économiques : quid en cas de fusion ?). Do war nach Zäit Thema virun der Fusioun opzeschaffen, a Rou an Gruppenaarbechten mam Bierger. ZAE ass just virun der Fusioun zum Thema ginn wëll net am viraus doriwwer nogeduecht ginn ass.
Et schéngt mer dat all déi sensibel Themen mat enger bottom-up Biergerbedeelegung missten opgeschafft ginn. Wann d‘Politik dat an der Zukunft fäerdeg bréngt, ass 2018 déi heiteg Diskussioun vergiess an Politiker kënne erhuewenen "Hauptes" hier perséinlech politesch Decisiounen huelen vir no 2018. An d‘Bierger wäerten se da mat droen.
Vläicht sollen déi verschidden Kommissiounen an Zukunft anescht fonktionnéieren. Politik kann si zum Beispill méi oft am Virfeld am Opschaffen vun Dossieen erunzéien. Je no Thema missten Kommissiounen och Arbechtsgruppen kënne maachen wou net nëmmen Memberen vun der Komissioun dra vertruden sinn. Dess Approch wär umsou méi sënnvoll wann méi e groussen Arbechtsvolumen ufält.
Kommissiounen missten ugereegt ginn fir och Initiativen ze huelen an der Politik Propositiounen ze maachen. Zum Beispill ass Auslännerfeindlechkeet elo an den Diskussiounen staark mee eesäiteg thematiséiert ginn, awwer nëmmen vun den Journalisten.
Mir kommen nach eng Kéier op Madame Zuccoli zeréck. Letzebuerger Land
stellt den Kontext esou duer : "Haben sie oder haben sie nicht ? Haben die
Einwohner von Fischbach oder Nommern die Fusion mit Fels abgelehnt, weil in der
Gemeinde mehrheitlich Portugiesen wohnen? Das diskutieren nicht nur die
Einwohner und Politiker derzeit kontrovers. Auch die Kommentatoren in den
Zeitungen versuchen sich einen Reim auf das klare Nein zu machen : Es sei
"Zeit, das gnädige Leichentuch der Rücksichtsnahme wegzureissen und
scharfe Worte wie Ressentiments oder latenter Rassismus zur Analyse der
Ergebnisse heranzuziehen", meint Patrick Welter im Journal. Es sei
"im Endeffekt die Ausländergemeinde Fels, mit der Nommern und Fischbach
nicht fusionieren wollten", schreibt Wort-Journalist Marcel Kieffer.“
Ech mengen net dat déi zwee Journalisten an enger vun den
Biergerversammlungen woren. Mir wëssen och aus sécherer Quell dat den Patrick
Welter vum Här Wies "abreuvéiert" ginn ass.
Wéi ech dem Här Kieffer säin Artikel am Wort gelies hunn,
hunn ech him folgenden Email geschéckt :Här Kieffer,
Ech géif iech bieden de blog http://www.onalif.blogspot.com/ ze konsultéieren. Ech mengen net dat dir do eppes fand wat är Thes géif erhäerden.
Ech krut bis haut keng Äntwert.
Un den Patrick Welter hat ech folgend Email geschéckt :
Här Welter,
Ech géif iech bieden de blog http://www.onalif.blogspot.com/ ze konsultéieren. Ech mengen dat Situatioun e bësse méi komplex a nuancéiert ass wéi dir si pauschal ofhakt an ärem Editorial.
Och do krut ech bis haut keng Äntwert.
Positioun
vun der Madame Zuccoli get esou vum Lëtzebuerger Land duergestallt. "Etwas vorsichtiger äussert sich Laura Zuccoli von der
Ausländerorganisatioun Asti : "Ich weiss nicht ob das (Ausländerfeindlichjeit)
der Hintergrund ist. Ich kann es aber nicht ausschliessen". Sie hat selber
eine der Bürgerversammlungen in Fischbach besucht, die über die Konsequenzen
einer Fusion aufklären sollte."
Dat ass eng korrekt Approch. Wann Friemefeindlechkeet an iergend enger Form
a Moss soll am Spill stoen, muss dorun geschafft ginn. An deem Fall wär si jo
och virdrun do gewiescht an dann hätt dat Thema schonns éischter missten méi
intensiv ugepaakt ginn. Mee vir d‘éischt soll dat mol ënnersicht ginn. Mir
maachen drop opmierksam dat a Member vun dem Aarbechtsgrupp vun Fëschbech sech
an den Biergerversammlungen zu Noumer an zou Fëschbech staark gemaach huet fir
drop hinzeweisen dat auslännesch Matbierger missten/hätten missten besser
informéiert ginn iwwert Fusioun an dat Politiker solid Kommunikatiounsdefiziter
an deem Beräich hätten. Esou guer den Här Wies huet zouginn dat vläicht net genuch gemaach ginn
ass, och wann hien versicht huet dat ze erklären mat Argumenter wéi Zäitmangel
an esou virun.
Et schengt mir dat commission d'intégration deen Dossier misst berengegen, a wann et nëmmen ass fir kloer ze stëllen durch fundéiert Positiounen dat verschidden Journalisten derniewent luechen. Dat soll awer net verhënneren dat déi Kommissioun an Zukunft méi proaktiv un dat Thema erou geet wëll et schengt jo evident ze sinn dat de Letzebuerger ouni den Auslänner net auskënnt. Multikulti ass a bleift eng Beräicherung wann Integratioun esou fonctionnéiert dat een Austausch an een Zesummeliewen am Fridden méiglech ass. Gemeng Fëschbech huet och eng Partie Auslänner an bis elo hunn ech näischt héieren dat do sollen Problemer bestoen. Dat matenee schéngt mir déi natierlechster Saach vun der Welt bei eis an der Gemeng ze sinn. Allerdéngs kann ech net meng Hand an Feier leen dat et net den een oder aneren Bierger gëtt deen net esou frou mat den Auslänner ass. Mee deeselwechten kënnt och mat sengem Noper net eens ginn, och wann dat e Lëtzebuerger ass. Dat ass säi gutt Recht wann hien sech korrekt behëlt. Dat ass ë bëssen wéi an engem Stot. Do fänkt Geschicht meeschtens mat Léift un an lant oft an der Scheedung. An et gëtt och Scheedungen déi aarten aus an eng "guerre des roses".( La Guerre des Rose est une comédie américaine de 1989 réalisée par Danny DeVito et basée sur le roman éponyme de Warren Adler publié en 1981. Le film est une comédie noire sur un couple de bourgeois filant apparemment le parfait bonheur, mais quand leur mariage commence à se désagréger, leurs biens matériels deviennent le centre d'une bataille entre eux).
Mee wann wierklech 76 % vun den Awunner vun der Gemeng Fëschbech sollten auslännerfeindlech sinn, dann hätten Politiker dat schonns laang missten mierken an hätten missten commisioun d'intégration beoptragen fir Thema opzeschaffen.Politik hätt dann missten, op Gronn vun den Virschléi vun der Kommissioun, déi néideg Mesuren huelen. Wann dat net geschitt ass, da schéngt jo awer kee Bedarf gewiescht ze sinn fir esou eng Campagne op Been ze setzen. Oder hat jiddereen Tomaten op den Aen an d‘Politik als alleréischt? Wann dat esou wär an esou wéineg Sensibilitéit fir esou een wichtegt Thema gewiescht wär, hätt eise Schäfferot als alleréischt op der ganzer Linn versot.
Bei engem Referendum ass et schwéier, duerch d‘Form vun der Frostellung, d'Ursaachen eraus ze fannen vun den Resultater. Am Fong misst TNS-ILRES erëm eng Enquête maachen (den Ministère de l'Interieur kennt jo esou eng Enquête an Optrag ginn well eis méiglech Fusioun jo villes schéngt duercherneen bruecht ze hunn). Déi Resultater kënnten wichteg sinn fir verschidden Weichestellungen an der Zukunft. D'Argument vun der Auslännerfeindlechkeet ass a bleift faktiz "jusqu'à preuve du contraire". Mee wann een mat der nämmlechter Perversioun operéiert wéi déi vun deenen Leit, déi Auslännerfeindlechkeet an Feld geféiert hunn fir den Echec ze erklären, kann ee grad esou gutt folgend Argument, grad esou faktiz a pervers, ubrengen (et ass e puren exercice de style fir ze weisen wéi blöd d'Erklärungen ouni Recherche kënne sinn) : Wann 66 % vun den Wieler aus der Fiels fir eng Fusioun gestëmmt hunn (872 méiglech électeurs vun 2119 Awunner = 41 % vun den Awunner), kann Ursaach och dorun leien dat lëtzebuerger Wieler aus der Fiels an enger fusionéierter Gemeng dann net méi an der Minoritéit sinn an erëm méi Gewiicht kréien. Oder nach anescht ausgedréckt : „Wien dovun ausgeet, datt déi Fëschber an Noumer nee gestëmmt hunn, well se kee Kontakt mat portugisesche Bierger wëllen, dee muss logescherweis och dervun ausgoen, datt déi Fielser fir d'Fusioun gestëmmt hunn, fir datt an hirer zukünfteger Gemeng net enges Daags déi portugiesesch Matbierger méi ze soen hunn ewéi si. » (Kommentar vun engem Bierger zum Argument vun der Auslännerfeindlechkeet). Wéi gesot, dat hei ass e puren Exercice de style fir op den Blödsinn vun verschiddenen Argumenter a Leit hinzeweisen.
Wann Politik bereet ass eng richteg bottom-up Biergerbedeelegung permanent opliewen ze loossen, dann ass des Situatioun no dem Referendum eng Riesechance fir een anert a bessert Zesummenzeliewe an der Gemeng an der Zukunft. Dat deckt sech och mat de Ausso vum Minister Kersch dee jo gemengt huet dat all Diskussiounen ëm d'Fusioun den Virdeel hätten fir iwwer vill Saachen ze schwätzen déi bis elo net thematiséiert gi sinn, aus wat fir engem Grond och ëmmer.
An da kann een och anescht un Zesummenaarbecht erun goen mat deenen 2 aneren Gemengen op deenen Punkten wou et sënnvoll ka sinn. Déi Zesummenaarbecht kann vill Formen unhuelen an et et muss net onbedéngt a Form vun enger fusionéierter Gemeng sinn. Mee et schléisst net aus, dat ënnert aneren Konditiounen wann eng gutt konkret Zesummenaarbecht op villen Punkten an deenen dräi Gemengen realiséiert ginn ass vläicht no Joren net awer eng Fusioun kann erëm sënnvoll diskutéiert ginn. Allerdéngs soll dat net nëmmen vun den Buergermeeschteren ofhänken.
Et misst awer gekläert ginn wat folgenden Paragraph am Tageblatt vum 10. November heescht : "Brosius, Eicher und Wies waren sich gestern Abend trotz der Enttäuschung einig darüber, dass sich in der bereits bestehenden Zusammenarbeit der drei Gemeinden nichts ändern wird. "Wir werden dort weitermachen, wo mir im Moment sind, d.h. wir werden auf Syndikatsebene vieles zusammenplanen und ausführen". Wien ass déi "Wir" a wéi soll dat an Zukunft fonctionnéieren. Wann déi 3 Buergermeeschteren mengen si wären alleng maasgebend an dësem Thema, hunn se bei der Fusiounsaffär näischt bäigeléiert. Zäiten sinn doud wou den Buergermeeschter den Meeschter vun den Bierger ass. Mir sinn elo am 21. Jorhonnert an Notioun vum Buergermeeschter datéiert nach aus den feudalen Zäiten Le Grand Robert : Maître = Personne qui exerce une domination, qui dispose, en fait ou en droit,de certains pouvoirs sur des êtres ou des choses ; personne qui a le pouvoir d'imposer aux autres sa volonté; ......). Am Schäfferot ass de Buergermeeschter och "nëmmen" den Primus inter pares. Missten Buergermeeschteren, Abstraktioun vun hiren legalen Pflichten, hir Roll net iwwerdenken a sech éischter als "facilitateur, méditateur a coach" gesinn am Kader vun den Ustéiss an Uleien vun den Bierger fir am Kader vun enger Biergerbedeelegung déi Themaen opzeschaffen. Dat soll awer net verhënneren dat si och Themaen sollen uleieren déi si fir wichteg fannen well si sinn Bierger wéi all aneren, wann och an enger anerer Roll. Si sollen jo och net just do setzen an op Virschléi vun den Bierger waarden. Allerdéngs dierften si dann hir eegen Themaen net alleng duerchzéien.
Dat heescht awer eng komplett nei, proaktiv Kommunikatiounspolitik déi sécher kann iwwer den Internetsite vun der Gemeng gemaach ginn, wou zum Beispill een allgemengen Biergerforum fir generell Gemengeaffären, mee och Biergerforen vun deenen verschiddenen Kommissiounen kënnen aktivéiert ginn. An et gëtt sécher och nach vill aner sënnvoll Iddien an deem Kontext.
An dësem Kontext schéngt et och wichteg ze sinn op Attributiounen vum Gemengerot a vum Schäfferot hinzeweisen. Dofir hu mir hei hannendrun eng Selektioun vun Artikelen aus der loi communale zitéiert. Wann een déi Texter genau liest, da muss e feststellen dat de Schäfferot am Fong den Exekutant vum Gemengerot ass, an net ëmgedréit. De Gemengerot ass net do fir just d'Initiativen vum Schäfferot of ze seenen. Wann een virgräift, muss een an desem Kontext virun allem den paragraph 2 vum Artikel 57 zitéieren : ...le collège des bourmestres et échevins est chargé : de la publication et de l'exécution des résolutions du conseil comunal."
Et soll een elo den Referendum vergiessen. Wann Politik Biergerbedeelegung seriös aféiert, da wäerten d‘Bierger si ënnerstëtzen an sécher net hir Demissioun an den Raum stellen. Nach eng Kéier : Abstraktioun vum Fusiounsprozess deen guer net glécklech war, sinn déi meeschten Leit d’Akkord dat Politik op villen Punkten gutt geschafft huet.
Et soll elo tabula
rasa
mat den richtegen Prämissen gemaach ginn an no vir gekuckt ginn.
Esou guer wann een mat der Kierch
net onbedéngt eppes um Hutt huet, ass Bibel awer heiansdo interessant :
Johannes 2,1-6 „An ihren Taten sollt ihr sie erkennen“
Matthäus 7, 16 „An ihren Früchten sollt ihr sie erkennen.“ (sic)
Johannes 2,1-6 „An ihren Taten sollt ihr sie erkennen“
Matthäus 7, 16 „An ihren Früchten sollt ihr sie erkennen.“ (sic)
Selektioun vun verschidden Artikelen vun der loi
communale :
Dir fannt den link zu der loi communale am onglet "liens utiles".
Des
attribution du conseil communal
Article 28 : Le conseil communal
règle tout ce qui est d’intérêt communal; il délibère ou donne son avis toutes
les fois que ses délibérations ou avis sont requis par les lois et règlements
ou demandés par l’autorité supérieure.Article 29 : Le conseil fait les règlements communaux…………….
Article 30 : Le conseil communal procède sous l’approbation du ministre de l’Intérieur à la création de tout emploi communal à occuper par un agent ayant le statut soit du fonctionnaire, de l’employé communal, de l’employé privé ou de l’ouvrier.
Article 35 : Le conseil communal peut appeler les électeurs à se prononcer par la voie du référendum dans les cas d’intérêt communal et sous les conditions qu’il détermine…………………….
Article 36 : Sans préjudice des dispositions de l’article 35, le conseil communal ou le collège des bourgmestre et échevins peuvent inviter les administrés de la commune, en totalité ou en partie, à faire connaître leur opinion au sujet d’un problème communal spécifique. La participation est facultative. Les modalités sont déterminées par l’autorité consultante. Le résultat de la consultation est communiqué au conseil communal.
..................................
Des
attributions du collège des bourgmestre et échevins
Article 57 : Indépendamment des attributions qui lui sont conférées par
d’autres dispositions légales le collège des bourgmestre et échevins est
chargé:1° de l’exécution des lois, des règlements et arrêtés grand-ducaux et ministériels, pour autant qu’ils ne concernent pas la police;
2° de la publication et de l’exécution des résolutions du conseil communal;
3° de l’instruction des affaires à soumettre au conseil communal ainsi que de l’établissement de l’ordre du jour des réunions du conseil communal;
4° de l’administration des établissements communaux et du contrôle des établissements publics placés sous la surveillance de la commune;
5° de la surveillance des services communaux;
6° de la direction des travaux communaux;
7° de l’administration des propriétés de la commune ainsi que la conservation de ses droits;(Loi du 5 août 2006)
8° de l’engagement des ouvriers communaux sous l’approbation du ministre de l’Intérieur, de la surveillance des fonctionnaires, employés et ouvriers de la commune, de l’application à ces personnes des mesures qui découlent impérativement de dispositions législatives ou réglementaires en matière de congés, promotions et autres droits statutaires;»
9° du contrôle de la composition régulière des conseils des fabriques d’église;
10° de la surveillance spéciale des hospices civils et des offices sociaux. Le collège visite ces établissements chaque fois qu’il le juge convenable, veille à ce qu’ils ne s’écartent pas de la volonté des donateurs et testateurs et fait rapport au conseil des améliorations à y introduire et des abus qu’il y a découverts;
11° de la garde des archives, des titres et des registres de l’état civil
……………………………….
Des attributions du bourgmestre
Mir hunn keng Selektioun vun den
Artikelen vun den Attributiounen vum Buergermeeschter gemaach. Et wär et bësse
laang ginn. Attributiounen sinn an den Artikelen 67 - 77 opgeféiert. Déi
speziell Attributiounen sinn éischter administrativer Natur oder betreffen d’exécution
vun den lois, règlements et ordonnances de police. De Buergermeeschter kann net aleng décidéieren wat
an der Gemeng geschitt, loin de là.Et kann een an engem gewëssen Mooss folgend Analogien am Vergläich mam privaten Secteur maachen :
Gemengerot = conseil d’administration
Schäfferot = directoire
Buergermeeschter = directeur général
du directoire
Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire