Wou ech virun kuerzem deen een oder aaneren Interview vun deenen 3 Gemengpäpp
héieren oder liesen konnt, hun ech missten fatzeg schlëcken fir verschidden Äusserungen
iwerhaapt erof ze kréien.
Spontan sinn mir e puer Gedanken agefall déi ech iech net wëll virenthaalen, wann se iech
dann interesséieren, waat ech staark hoffen vu que dass schon an 50 Deeg de Referendum
ass. Wëll Fusiounskritiker a Géigner jo kee Budget kréien (d’Promotioun pro Fusioun schléit
mat 50.000,- € zu Buch !) fir hir Meenung ze äusseren muss daat eben iwert deen hei Wee
geschéien.
Zitat 1:
« …zu enger Fusioun gehéiert nun mol och déi néideg Informatioun dozou fir dass de
Bierger kann jugéieren. »
Gedanken :
Informatioun war bis elo keng do ; déi eenzeg Informatioun déi bis elo do ass, ass déi wou
vun kritëschen Bierger op deenen 2 bekannten Internetblog’en gemaach gouf
(www.onalif.blogspot.com an www.fusioun.ideascale.com)
D’Informatioun déi um neie site « meesebuerg.lu » steet ass bäi Leiwen net déi Informatioun
déi engem hëllefen kann sech fir jo oder nee ze décidéieren. De Bierger kritt Basisdonnées
matgedeelt wéi grouss seng Gemeng ass, wéivill Awunner, wéivill Bauerebetrieber etc. Waat
awer d’Fusioun vun Changementer, Onsecherheeten oder Nodeeler mat sech brëngt,
doriiwer get kee Wuert verluer !
Firwaat ?
Wëll d’Äntwerten de Leit nët wäerten gefaalen an alles waat Bedenken an Onsecherheet
produzéiert get nët ernimmt. (Beispill : Workshops Ufank 2014)
Et ass méi einfach de Leit eng Mogelpackung (www.meesebuerg.lu) mat e bessi Pantomime
an schéinen Biller (et sinn wierklech schéin Biller, wëll et ass nun mol zum Deel Eis Gemeng
Fëschbech !) an d’Täsch ze drëcken an der Hoffnung dass et den 9. November klappt.
Zitat 2 :
« …dass eis Betrieber Entwëcklungspotenzial gebueden kréien… »
« …alles drun setzen fir déi Zone d’activité unzesiddelen, selbstverständlech am Respekt
vun der Liewensqualitéit vun den Awunner. »
Gedanken :
D’Zone d’activité ass nët Fusiouns - gebonnen. Sie steet an de plans sectoriels an ass
régional fir 5 Gemengen virgesinn. Sie gouf als régional accordéiert, onofhängeg vun enger
Fusioun zu 3.
Eng Zone d’activité ass fir eis Betrieber wichteg (just nët do wou se op de Plans sect.
agezeechent ass, an net mordicus fir 5 Gemengen !!) mee sie ass nët un d’Fusioun
gebonnen.
Fir eis Leit brëngt dëss Zone egal wéi eng Reduzéierung vun der Liewensqualitéit mat sech
duerch haaptsächlech Verkéier a Kaméidi. Fir eis Baueren brëngt se vrun allem Verloscht
vun Aackerfläch mat sech, déi nët wäert kënnen kompenséiert ginn !
Zitat 3 :
« …fir nët zu enger Schlofgemeng ze mutéieren… »
Gedanken :
Déi Leit déi an eiser Gemeng wunnen oder an de Joeren bäigezunn sinn, hun daat bewosst
gemaach wëll et eng kleng Gemeng mat Duerfcharakter ass a wëll sie gäeren hei wunnen,
Abseits vun der grousser Mass am Grëngen. Also firwaat eppes dorunner änneren ?
Fir sie war an ass eis Gemeng Fëschbech eng attraktiv Gemeng.
Schlofgemeng ?? Ech mengen nët !
Zitat 4 :
« …kee Kannertourismus, mir féieren d’Kanner net hin an hir… »
Wëll mir alleguer wëssen, vue que dass mir gesonden Menscheverstand hun ( !!) dass an
der Politik haut eppes gesoot get waat muer schon nët méi gëllt, muss déi do Ausso mol als
éischt schwaarz op wäiss an der Konventioun (tëscht dem Ministère an deenen 3
Gemengen) stoen a public gemaach ginn. Virun eppes méi wéi 2 Méint an enger Réunion
vun den 3 Gemengeréit gouf een Zesummelëen vun den Klassen aus den selwechten cycles
nach fir méiglech gehaalen an elo get praktësch geschwuer dass et net esou wäert sinn,
komësch mee sou funktionéiert Politik.
Fir d’Géigewier zu enger Fusioun als Spektakel ze beschreiwen fannen ech een dëcken
Hond ! Mir liewen nun emol an enger Demokratie an do kann jiidfereen seng Meenung
zum Ausdrock brëngen an brauch sech nach laang nët mat allem zefridden ze ginn wat him
vun uewen erof virgegaukelt get.
Eeen Spektakel fannen ech dann éischter dee Film deen um site meesebuerg.lu ze gesinn
ass, deen guer näischt mat den Bedenken an Probleemer ze dinn huet déi eng eventuel
Fusioun géif mat sech brëngen. Dee Film wäer gudd (wëll schéin Biller ze gesinn sinn) an
enger Promo fir den Tourismus, huet awer näischt mat der Problematik «FUSIOUN » ze dinn
an ass Augenwischerei.
(Interview nozelauschteren am Archiv vum Radiosender100,7 am Audio Archiv vum 17.09.14
em 7.20h)
Merci fir d’liesen.
Affaire à suivre !
Fränk Daems
Le présent blog a pour but de publier des documents de réflexion concernant une fusion éventuelle des communes de Fischbach - Larochette - Nommern en invitant les lecteurs à faire leurs commentaires (à la fin de chaque article). Le contenu du blog constitue une mosaïque devant permettre au lecteur de se faire à la fois une image globale et détaillée sur certains aspects d'une fusion. Le choix des articles se fait dans la rubrique "Archives".
Pages
- Remarques préliminaires : voir les onglets ci-joints et cliquer pour voir le contenu
- Invitation à la participation
- Liens utiles
- Mode d'emploi pour commentaires
- Le profil
- Modèle de grille d'évaluation personnelle
- Commentaires généraux
- Détail pratique pour la contribution d'articles
- Sommaire des articles du blog
Inscription à :
Publier les commentaires (Atom)
Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire